De Poppentheater Poppespënnchen gëtt et zanter 2015 a gouf vun de Poppentheater Pit Vinandy vum Bimbotheater a Poppentheater Hoplabum, vum Michael an Andrey Schneider vum Theater Favoletta a vum Georges Liesch gegrënnt.
Eis Iddi war an ass et, Lëtzebuerger Famillen an Erwuessener, déi vu Poppentheater begeeschtert sinn, eng Plaz ze bidden, wou se reegelméisseg des Konscht kënne genéissen an och selwer léieren.
Vun Ufank u war et eis wichteg net nëmmen eis eegen Bünen ze presentéieren, mee och aner Truppen, fir hei d'Varietéit vum Marionettentheater besser ze presentéieren.
Mir hunn schonn zweemol de Festival "Marionnettes Sauvages" organiséiert, op dee mir Kënschtler aus ganz Europa invitéiert hunn.
Mir stinn och als Kontakt fir Privatleit a Kënschtler zur Verfügung, déi sech fir Poppentheater interesséieren an probéieren an Zukunft méi Formatiounen an Diskussiounsowenter zum Thema ze organiséieren.
Aus der Revue vom 24.02.2021

